Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.383 Artikelen an 138 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … am Schlass Bierg, der groussherzoglecher Residenz, tëscht 1941-1944 vum däitschen Occupant eng sougenannt Nationalpolitische Erziehungsanstalt ageriicht gi war?
- … de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?
- … de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
- … d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
- … de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?
Artikel vun der Woch

D'Schwaarzmiergrondel (Neogobius melanostomus) ass e klengen europäesche Fësch aus der Famill vun de Gobiiden, dee souwuel am Schwaarzen- wéi och am Kaspesche Mier, an och am Brackwaasser vun de Flëss ronderëm déi zwee Mierer heemesch ass.
D'Schwaarzmiergrondel gouf ongewollt, warscheinlech mam Ballastwaasser vu Schëffer, verschleeft an huet sech duerno invasiv am Baltesche Mier, an enger Rëtsch vu mëtteleuropäesche Flëss, an och an de Groussen nordamerikanesche Séien, invasiv ausgebreet. Zu Lëtzebuerg ass d'Schwaarzmiergrondel zënter ongeféier 2010 iwwer de Rhäin an d'Musel agewandert an huet sech och do invasiv verbreet.
Am Duerchschnëtt si se ronn 15 cm laang, si kënnen awer och bis zu eppes iwwer 20 cm laang ginn. Um Réck an op de Kierpersäite si se onopfälleg beige-brong gefierft, de Bauch ass awer ganz wäiss. Laanscht d'Säitelinn ass eng Rei däischter Flecken ze gesinn. Op der viischter Réckefloss ass en opfällege ronne Fleck... > méi

Op engem 12. Juni
- 1795: D'Éisträicher kapituléieren an iwwerloossen d'Festung Lëtzebuerg de Fransousen.

- 1890: Den éisträichesche Moler Egon Schiele gëtt gebuer.
- 1924: Den George H. W. Bush, 41. President vun den USA, kënnt op d'Welt.
- 1928: Déi lëtzebuergesch Schrëftstellerin Anise Koltz gëtt gebuer.
- 1929: Gebuert vun der Anne Frank, Affer vun der Shoah.
- 1991: De Boris Jelzin gewënnt déi éischt direkt Presidentschaftswalen a Russland.
- 2003: Den US-amerikanesche Schauspiller Gregory Peck stierft.
- 2012: Doud vun der US-amerikanescher Politologin an Ekonomistin Elinor Ostrom.
Kierzlech Verstuerwen

- 6. Juni: Alan Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comics-Auteurin a Filmregisseurin.
- 29. Mee: Edgar Morin, franséische Soziolog, Philosoph an Auteur.
- 28. Mee: Abed Rabbo Mansur Hadi, jemenittesche Generol a Politiker.
- 25. Mee: Sonny Rollins, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik

