Op den Inhalt sprangen

Kaschubesch

Vu Wikipedia
Kaschubesch
Gëtt geschwat an: Polen
Regioun Zentaleuropa
Gëtt geschwat vun: 108.000
Klassifikatioun no Sproochfamill:

Indo-Europäesch

Offizielle Status
Reglementéiert vun: Rot fir d'kaschubesch Sprooch
Sproochcoden
ISO 639-2 csb
ISO 639-3 csb

Kaschubesch (Kaszëbsczi jãzëk) ass eng slawesch Minoritéitssprooch, déi am Norde vu Pole geschwat gëtt. Bei der Vollekszielung 2011 goufen 13.799 Leit s'als Mammesprooch an 108.140 als Heemsprooch un. A Polen huet si zënter 2005 den offizielle Status vun enger Regionalsprooch.

Zesumme mam Polneschen, mam Schleeseschen a mam ausgestuerwene Polabesche gehéiert d'Kaschubesch zum lechiteschen Aascht vun de westslawesche Sproochen.

Kaschubesch Dialekter

Kaschubescht Alphabet

[änneren | Quelltext änneren]

D'Kaschubescht Alphabet besteet aus 34 Buschtawen:

A, Ą, Ã, B, C, D, E, É, Ë, F, G, H, I, J, K, L, Ł, M, N, Ń, O, Ò, Ó, Ô, P, R, S, T, U, Ù, W, Y, Z, Ż