Branddeeg

Branddeeg ass en Deeg, deen an zwéi Schrëtt preparéiert gëtt. Säin Numm kënnt dohier, well en net réi gebak gëtt, mee fir d'éischt am Dëppen "ofgebrannt" an duerno eréischt am Uewe gebak oder frittéiert gëtt.
Preparatioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptzutate vum Branddeeg si Botter, Waasser (oder och Mëllech), Miel an Eeër. Am éischte Schrëtt gëtt de Botter am Dëppe geschmolt a mat der Flëssegkeet vermëscht. Duerno kënnt dat ganzt Miel an enger Kéier derbäi. Dat Ganzt gëtt séier vermëscht bis e glaten Deeg entsteet, deen e puer Minutte bei mëttler Hëtzt geréiert gëtt, bis datt e sech vum Buedem vum Dëppen ofsetzt. Dee Prozess ass dat sougenannt "Ofbrennen". Duerno muss den Deeg eng Zäit laang ofkillen.[1][2]
Am zweete Schrëtt ginn d'Eeër no an no an den Deeg ageschafft. Eréischt da kann een den Deeg proportionéieren, zum Beispill mat Hëllef vun engem Sprëtzbeidel, a baken. Beim Bake gëtt Waasserdamp aus den Eeër fräigesat, deen net duerch de Rescht vum Deeg entwësche kann. Doduerch entstinn Huelraim. Den Deeg geet also op, obwuel keng Hief a kee Bakpolver am Deeg ass.[3]
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]De Branddeeg huet – wa kee Salz oder Zocker an den Deeg gemëscht goufen – en neutrale Goût a kann dowéinst fir souwuel séiss wéi och salzeg Plate benotzt ginn. E kënnt vill an der franséischer an an der spuenescher Kichen zum Asaz. Bekannt franséisch Desserten aus Branddeeg sinn de Chou an d'Eclair. Och déi spuenesch Churro gi mat Branddeeg hiergestallt.
Zu de salzege Platen aus Branddeeg zielen d'Pommes dauphine an de Kéis-Soufflé.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Branddeeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Wie kann man einen misslungenen Brandteig nachholen?. Valrhona Collection (7. Februar 2026). Gekuckt den 23. Januar 2026.
- ↑ (fr) Le secret des choux qui montent : La seule étape que vous devez maîtriser (Le desséchage expliqué simplement). Avonture culinaire. Gekuckt den 23. Januar 2026.
- ↑ (fr) La pâte à choux : les techniques de pro et les erreurs à éviter pour la réussir à tous les coups !. Vocation Pâtisserie. Gekuckt den 23. Januar 2026.